Léif Beaver, Wëllefcher, Scouten, Explorer, Rover an Tembo
En neit Scoutsjoer fänkt endlech erëm un! Treff deng nei an al Frënn an ziel hinne vun dengen Aventuren aus dem Summer, oder freet iech einfach, dass dir erëm zesumme bei de Scoute kënnt sinn. Dëse super Start wëlls du op kee Fall verpassen a gëtt mega flott fir jiddereen.
Wou? Beim Mamer Scoutshome
Datum? 20. September 2025
Wéini? 13h45 – 16h00 (De Programm fir Kanner fänkt um 14h00 un)
14:10 – 14:25 Eltereversammlung fir nei Memberen
D’Elteren kennen ab 13h45 Froen bei den jeeweilege Branchecheffe stellen an Informatiounen zum neie Joer kréien. Um 14:10 wäerte mer eng kuerz Eltereversammlung maachen, déi sech haaptsächlech un nei Membere riicht.
Aktuell Memberen: Wannechgelift kommt an tiptop Uniform
Mir freeën eis dech do ze gesinn a bis geschwënn!
Lénks Patt,
Deng Cheffen
EN
LU
FR